Mir iwer eis
- Details
- Published Date
- Written by Gieres Georges
Elterenvereenegung vun der Gemeng Fréiseng
Freiseng - Helleng - Uespelt
Eng Associatioun, déi d'Interessien vun de Schüler an hiren Elteren vertrëtt.
D' Elterevereenegung
- D' Elterevereenegung vun Fréiseng ass eng "Association sans buts lucratifs".
- De Comité trëtt regelmeisseg zesummen, fir aktuell Ugelegenheeten ze bespriechen an Projeten auszeschaffen.
- D'Associatioun behandelt Informatiounen am Beräich vum Schoulwiesen, an eventuell Froen vun Elteren.
Ons Objektiver
- d' Interessien an d'Wuelbefannen vun den Schüler aus dem "précoce", der Spillschoul an der Primärschoul ze vertrëdden, am Respekt vum legalen Kader vum Schoulwiesen, hei am Land,
- den Austausch tëschend den Elteren, dem Léierpersonal an der Schoulkomissioun ënnerstëtzen,
- Virschléi vun den Elteren un d'Schoulkomissioun weider ze vermëttelen,
- d'Weiderbildung souwuel vun den Schüler wei och hiren Elteren ze ënnerstëtzen,
- Léier- an Erzéiungspersonal ze ënnerstëtzen.
Ons Prioritéiten
- d' Secherheet an der Schoul an um Schoulwee,
- den Informatiounsaustausch wat d'Schoul ubelaangt op nationalem, a besonnesch op lokalem Niveau,
- d'Matfinanzéieren vun Léier- an Erzéiungsprojeten (Schoulmaterial, classe verte, Computercouren, ...)
- d' Organisatioun vum alljährlechen Schoulfest,
- d'Organiséieren vun Konferenzen,
- praktesch Hëllef bei Manifestatiounen an der Schoul,
- ... an nach villes mei ...
Wien kann Member gin?
- D' Elteren vun de Schoulkanner aus der Gemeng Fréiseng (Virschoul a Primärschoul)


