Secherheet
- Details
- Published Date
- Written by Gieres Georges
SECHERHEET AN AN RONDERËM D'SCHOUL
D'APEF huet sech vun Ufank un mat dem Thema Sécherheet auserneen gesat. Vill Projeten gouf et am laf vun den Joren. 2010/2011 huet ‘APEF een globaalt Konzept ausgeschafft wat an villen Réuniounen tëschent der APEF, dem Schoulkomitee an der Schoulkommissioun weider verfäinert gouf. Niewent dësen sinn awer och nach d’ Police, d’ Ligue Médico Sociale an den Schoul Dokter implizéiert.
Hei an Stéchwierder den ambitiösen Programm deen sech d' APEF an de Schoulkomitee gesat hunn:
- Fir d’ Schüler:
o Cycle 1:
> Verkéierserzéiung (Police Réiser)
> Präventioun vun Accidenter (Adrienne Franck, Ligue Médico Sociale)
> ‘Faustlos’, Gewalt Präventioun
o Cycle 2:
> (2.1) Verkéierserzéiung mat der Police
> (2.2) Busschoul bei der Firma Sales Lentz (gesponsert vun der APEF)
· Info: http://www.sales-lentz.lu/mobilitaetswelt/busschoul
o Cycle 3:
> (3.1) Éischt-Hëllef fir Kanner I
· Een op den jeeweilegen Alter Ofgestëmmten Cours vun jeeweils 2 x 1.5 Stonnen (fir d’ Cyclen 3.1, 3.2 an 4.1) esou dass dat ganzt een Suivie huet. Themen déi – Alters gerecht – behandelt ginn sinn: Hëllefsmëttel fir 1. Hëllef, Eegesécherheet, Noutruff, Schürf, Schnëtt a Quetschwonnen, Nuesebludden, Schock, Entorse a Fraktur, Gehirerschütterung, Insekte Stéch, Sonnestach a Sonne Brand, Vergëftungen an Allergien, Verbrennungen, Bewosstlosegkeet an Otem Nout.
· Den Haaptinteressi leit um richtegen Erkennen an aschätzen vun Noutsituatiounen fir dass d’ Kanner hëllef (Elteren, Léierpersonal oder 112) ruffen an ganz einfach Gesten selwer maachen kënnen.
· De Cours dauert 2 x 1,5 Stonnen / Cycle, woubäi an deenen 1.5 Stonn och jeeweils zwou kleng Pausen agebaut sinn. De Cours berout virun allem ob engem Fro an Äntwert-System.
· D’ Kanner kréien d' Bichelchen "erste Hilfe für Kinder" vum Franz Keggenhoff am Coppenrath-Verlag. Des Bichelcher ginn vun der APEF gesponsert.
> (3.2) Éischt-Hëllef fir Kanner II
> (3.2) Gewalt Präventioun mat der Police (ass nach net confirméiert)
o Cycle 4:
> (4.1) Éischt-Hëllef fir Kanner III
> (4.1) Tubak (Adrienne Franck, Ligue Médico Sociale)
> (4.2) Éischt Hëllef IV (Reanimatioun) am Kader vun ‘Studenten léieren Schüler Liewe retten’
· De Cours géif vum Éischt-Hëllef Team Kolléisch (ënnert der Responsabilitéit vum Här Henri Mousel) gehalen ginn
· De Cours baut op dem Laerdal MiniAnne™ op. [http://www.draeger.com/CH/de/products/medical_education/patient_simulators/mini_anne.jsp]
> (4.2) Verkéiers Gaart
> (4.2) Droge Präventioun mat der Police
- Fir d’ Léierpersonal:
o Notfälle im schulischen Alltag
o Organisatioun: Centre de Formation professionnelle Continue dr robert Widong iwwer den SCRIPT
- Fir d’ Elteren:
o Éischt-Hëllef-Cours :
> d’ Pompjeeën organiséieren all puer Joer een Cours an der Gemeng (14 * 2 Stonnen)
> gratis
o “Éischt Hëllef bei Kanner" fir d' Elteren (eréischt méi spéit virgesinn)


INFORMATIOUNEN 